Israeelesch Granaten explodéieren no bei Blohelm-Zaldoten

© Rabih DAHER / AFP
D'Zaldote vun der Friddensmissioun wieren zesumme mat libaneeseschen Zaldoten an der Géigend vun der israeelescher Grenz am Asaz gewiescht.
Zesumme ware si amgaangen, Raumaarbechte vun ziville Kräften ofzesécheren, wéi ronn 500 Meter nieft hinnen eng Granat explodéiert wier. Kuerz drop wier eng vun de Gruppe vun enger Dron iwwerflu ginn, éier et ronn 30 Meter méi wäit zu enger weiderer Explosioun koum. Iwwert engem zweete Grupp wier eng weider Granat vun enger zweeter Dron explodéiert, heescht et vun der Plaz. Et wier awer kee blesséiert gi bei deenen Tëschefäll.
Laut der UN-Missioun am Libanon Unifil wier et en Donneschdeg zu dëse Virfäll komm. Si geheien Israel vir, géint d'Resolutioun 1701 vum UN-Sécherheetsrot ze verstoussen. Si hunn d'israeelesch Arméi opgefuerdert, Attacken op oder an der Géigend vu Friddenstruppen, Zivilisten a libaneeseschen Zaldote sinn ze loossen, grad esou wéi d'Asätz vun Unifil net ze behënneren.
2006 war déi besote Resolutioun gestëmmt ginn, déi virgesäit, dass just Truppe vun der Unifil a vun der libaneesescher Arméi am Grenzgebitt zu Israel agesat dierfe ginn. Schonn am September war et zu änleche Virfäll komm, déi Israel awer ofgestridden hat.