Nodeems den Donald Trump en Ultimatum bis e Sonndeg Owend gesat hat, huet déi radikal-islamesch Organisatioun e Schratt Richtung Deseskalatioun gemaach.

D'Hamas acceptéieren Deeler vum Donald Trump sengem Plang fir de Gazakrich op en Enn ze bréngen. Dorënner wier grondsätzlech d'Fräiloosse vun allen israeelesche Geiselen, lieweg oder dout. Si fuerderen awer weider Verhandlungen, déi sou séier wéi méiglech iwwer Vermëttler solle stattfanne fir weider Detailer ze klären, well den US-amerikanesche Plang wier awer "vag" an "ambigu".

Donieft hunn d'Hamas hir Positioun bekräftegt, d'Verwaltung vun der Gazasträif un eng palästinensesch Instanz vun onofhängegen Technokraten ze ginn. De Grupp huet ausserdeem seng Wäertschätzung fir déi arabesch, islamesch an international Beméiungen, grad sou wéi déi vun den Amerikaner, ausgedréckt.

E Freideg am Nomëtten hat den Donald Trump verlaude gelooss, wann d'Hamas net bis spéitstens e Sonndeg den Owend Mëtternuecht eiser Zäit säi Friddensplang acceptéiert hätten, géif "d'Häll ausbriechen".