Um Geriicht zu Nîmes fänkt e Méindeg den Appell-Prozess am Mëssbrauchsfall Pelicot un.

51 Männer ware jo an der Haaptsaach wéinst schwéierem Viol verurteelt ginn. Ma nëmmen ee vun hinnen ass beim Appell géint seng Strof vu 9 Joer Prisong bliwwen. Dowéinst muss elo e weidere Prozess geféiert ginn. Dat zoustännegt Geriicht zu Nîmes geet dovun aus, dass dësen op d'mannst véier Deeg wäert daueren.

En Dënschdeg wäert dem Gisèle Pelicot hiren Ex-Mann Dominique Pelicot aus senger Eenzel-Haft am Prisong viru Geriicht bruecht ginn, fir befrot ze ginn.

D'Gisèle Pelicot soll hir Ausso e Mëttwoch maachen. Ee vun hiren Affekoten huet matgedeelt, dass si sech "déi Qual" am Léifsten erspuert hätt, ma si hätt keng Angscht, op en Neits de Schratt an d'Ëffentlechkeet ze goen. Si géif verstoen, dass hire Fall eng Bedeitung hätt, déi wäit iwwer hir eege Persoun erausgeet.

D'Gisèle Pelicot war wärend 9 Joer vun hirem deemolege Mann mat Droge gedéit an duerno vun anere Männer mëssbraucht ginn. Si goufen zu Prisongsstrofe vun tëscht 3 a 15 Joer verurteelt. Dem Dominique Pelicot selwer krut eng Strof vun 20 Joer.

Beim Mann, deen am Appell gaangen ass, handelt et sech ëm de 44 Joer ale Bauaarbechter Husamettin Dogan. Hie behaapt, dass hie vum Dominique Pelicot an eng Fal gelackelt gi wier. Hie wier dovun ausgaangen, dass d'Gisèle Pelicot hiren Accord fir déi sexuell Acte ginn hätt.