A russeschen Drone goufe westlech Stécker fonnt

© Ida Marie Odgaard / Ritzau Scanpix / Ritzau Scanpix via AFP
De Wolodymyr Selenskyj mécht dem Weste Virwërf, a kënnegt Sanktioune géint d'Hiersteller un.
Wéi den ukrainesche President e Méindeg de Moien op de Soziale Medie gemellt huet, goufen a russeschen Dronen, déi vun der Ukrain ofgeschoss gi sinn, Deeler vun Hiersteller aus westleche Länner fonnt.
Bei den uergen Attacken an der Nuecht op e Sonndeg hätt Russland "549 Waffesystemer mat 102.785 am Ausland produzéierte Komponenten agesat", sou den ukrainesche President. Et géing sech dobäi virun allem ëm Konverter, Sensoren a Mikrocomputer handelen, déi zum Deel aus der Schwäiz an aus Groussbritannien kéimen.
Ënner anerem den USA an Däitschland huet hie reprochéiert, dës Liwwerungen net verhënnert ze hunn. Aner Länner wiere China, Taiwan, Japan, Südkorea an Holland, aus deenen déi verschidde Komponente komm sinn. Kiew géif elo Virschléi ënnerbreeden, wéi d'Liwwerkette kéinten ënnerbrach ginn. Dem Selenskyj no hätten hir Partner schonn detailléiert Informatiounen iwwert all Entreprise an all Produit, si wéisste wéi se reagéiere missten. Dës Woch treffe sech d'G7-Sanktiouns-Coordinateuren, an d'Ukrain erwaart sech vun hinnen eng systematesch Decisioun, dass déi Sanktiounen dann och effektiv wäerte sinn an agehale ginn.
Russland hat an der Nuecht op e Sonndeg mat 496 Dronen, 51 Marschflugkierperen an zwou Rakéiten ugegraff. Dobäi ware fënnef Persounen ëm d'Liewe komm, Dosende blesséiert ginn. An enger Partie Regiounen haten d'Ugrëffer och zu Stroumausfäll gefouert.