D’ASTM rifft d‘Regierung, d’EU an déi international Communautéit dozou op, méi Verantwortung fir de Klimaschutz am globale Süden z'iwwerhuelen.

Lëtzebuerger ONG fuerdert, "d’Geleeënheet ze notzen"/ Reportage: Chris Meisch

Fënnef Woche virum Start vun der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien, huet d’ONG „Action Solidarité Tiers Monde“, kuerz ASTM, hir Positiounen a Fuerderunge fir eng ambitiéis, gerecht an inklusiv Klimapolitik presentéiert. Et geet ëm Klimafinanzéierung, Gerechtegkeet an d’Fro, wéi vill déi räich Industrienatioune bereet sinn, tatsächlech bäizedroen. D’Konferenz ass am November am brasilianeschen Amazonasgebitt – engem vun de wichtegste Symboler am Kampf géint d’Klimakris.

D‘ASTM warnt, datt déi meescht Staaten – dorënner och d’Europäesch Unioun – net um richtege Wee sinn, fir hir Verflichtungen a Verspriechen z‘erfëllen. Déi aktuell national Klimaziler géife bei wäitem net duergoen, fir d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.

De Raymond Klein, Koordinator vum Klimagrupp vun der ASTM, fënnt et skandaléis, datt déi meescht d’Klimaverspriechen, déi all Land am Kader vum Paräisser Ofkommes ofginn huet, eis op eng Erwiermung vu méi wéi 2,5°C féieren. Déi international Gemeinschaft hätt d’Realitéit vun der Klimakris nach ëmmer net richteg erkannt – an et wier Zäit, no de Verspriechen och endlech ze handelen.

„Also wéi d‘COP zu Paräis ofgeschloss war, ass dat als een Duerchbroch gefeiert ginn. Ech hat deemools schonn d‘Gefill, datt dat bëssi optimistesch war, well, wann een den Accord genau gekuckt huet, hat e ganz vill Schwächten. Wann een deemools ugefaangen hätt, net nëmmen de Buschtaf vum Accord, mee och de Geescht vum Accord ze befollegen, ech mengen da wiere mir elo wou anescht wéi do wou mir sinn. Et muss ee soen, wann een elo déi lescht puer COP‘e kuckt, dat ass zimmlech desastréis gewiescht. A genau do ass elo d‘Hoffnung, dass ee Land wéi Brasilien, déi déi COP presidéiert, e bëssi méi versicht draus ze maachen.“

RTL

© Chris Meisch - rtl.lu

D’ASTM fuerdert, datt all Länner hir Klimaverspriechen iwwerpréiwen a méi ambitiéis Ziler formuléieren. D’Europäesch Unioun soll d’Klimaneutralitéit net eréischt 2050, mee schonn 2040 erreechen. Och Lëtzebuerg soll hei eng virbildlech Roll iwwerhuelen a sech bannent der EU fir méi staark Ziler a kloer Strategien asetzen.

E weidere Sujet vun der Pressekonferenz war d’Klimafinanzéierung. Fir d’ASTM ass déi gerecht global Verdeelung vun de Käschten ee vun de wichtegste Punkten um Agenda vun der COP30. Den accordéierte finanzielle Kader vun 300 Milliarden US-Dollar pro Joer, dee bei der leschter COP zu Baku festgehale gi war, wier „eng dräifach Ongerechtegkeet“ vis-à-vis vun de Länner am Süden, déi schonn haut am stäerkste vun de Folge vum Klimawandel betraff sinn, a vill manner Moyenen zur Verfügung hunn, sou nach de Raymond Klein.

„Wa mir eng Situatioun wëllen, wou op der ganzer Welt all Efforte gemaach ginn, fir d‘Emissiounen ze reduzéieren, da kann dat nëmme goen, andeems een och deene Länner d‘Méiglechkeete gëtt, fir hir Populatioun ze schützen, fir hir Populatioun ze entschiedegen, do muss einfach Geld do sinn, an dat ass den Ament net de Fall. Dofir eis Revendicatioun, dass een dat wat schonn op der leschter COP gefrot gouf, dass een e globale Fong hätt, dee geschätzt 1,3 Billiounen am Joer zur Verfügung géing stellen, fir all déi Aufgaben, déi de globale Süde muss léisen.“

Och Lëtzebuerg misst Verantwortung iwwerhuelen. Schätzunge vun der ASTM no sollt de Grand-Duché op d'mannst 600 Milliounen Euro pro Joer an d’international Klimafinanzéierung investéieren. D’Regierung soll sech dobäi un der sougenannter „Baku–Belém Roadmap“ orientéieren, déi eng kloer Trajectoire viséiert, fir bis 2035 déi néideg Mëttel ze mobiliséieren.

D’Organisatioun wäert och selwer op der COP30 zu Belém dobäi sinn – souwuel bei der offizieller Konferenz wéi och beim alternative Sommet „Cúpula dos Povos“. Do wëll si d’Fuerderunge vu Gerechtegkeet a Klimaverantwortung direkt un déi europäesch a lëtzebuergesch Delegatiounen droen an e kritesche Bléck op d’Verhandlunge behalen.