Mary E. Brunkow, Fred Ramsdell a Shimon Sakaguchi ausgezeechent

© CLAUDIO BRESCIANI / AFP
E Méindeg gouf deen éischten Nobelpräis fir d'Joer 2025 verdeelt.
Dëse goung an der Kategorie Medezin un d'Mary E. Brunkow, de Fred Ramsdell an de Shimon Sakaguchi. Wéi den Nobelpräis-Kommitteee matgedeelt huet, géifen déi dräi fir hir Entdeckungen am Beräich vun der Immunologie a ausgezeechent.
Wéi d'Professorin Wahren-Herlenius vum Karolinska-Institut erkläert huet, hätten déi dräi Laureaten doriwwer gefuerscht, wéi mir eisen Immunsystem kontrolléieren, fir géint all erdenklech Zorte vu Mikroben ze kämpfen an dobäi Anti-Immunkrankheeten ze verhënneren.
Eise staarke mënschlechen Immunsystem misst reguléiert ginn, well e soss déi eegen Organer géing ugräifen, sou den Nobel-Kommitee. D'Laureaten hätten doriwwer gefuerscht, wéi dat passéiert an dobäi déi sougenannten T-Zellen entdeckt, déi verhënneren, dass d'Immunzellen den eegene Kierper attackéieren.
Dës Decouverte hätt d'Basis fir en neit Fuerschungsgebitt geluecht an d'Entwécklung vun neie Behandlungsmethoden, ënner anerem fir Kriibs virubruecht.