ONG liwwert Hëllefspäck an déi vum Äerdbiewe getraffe Regiounen

© Aide Philipinnes
Zanter 2013 ass d'ONG Aide Philippines mat ville Projeten am Norde vun der Insel Cebu aktiv.
Déi Regioun gouf jo den 30. September vun engem staarke Biewe vu 6,9 op der Richterskala getraff. Déi lokal Ekippe vun der ONG, déi zu Bogo hiren Haaptsëtz huet, schafft nom Äerdbiewen aktiv mat de lokalen Autoritéiten zesummen.
E Samschdeg hunn d'Mataarbechter a Fräiwëlleger zwou Camionnette mat Iesswueren, Waasser an Noutmaterial belueden a sinn déi 10 Stonne bis op Daanbantayan gefuer, wou een d'Hëllefspäck un d'Affer vum Äerdbiewe konnt verdeelen.
Finanziell ënnerstëtzt gouf d'Aktioun vum Luxembourg Philippines Action for Development. Aner Hëllefsmesuren, esou schreift d'ONG an hirem Communiqué, sinn an der Preparatioun. Et wéilt een awer nach ofwaarden, wéi sech d'Situatioun an den nächsten Deeg entwéckelt. Weider Informatiounen zu der ONG an hirer Aarbecht um Terrain fënnt een op aidephilippines.lu