Den Exekutivrot vun der UN-Organisatioun, deem 58 Länner ugehéieren, huet sech e Méindeg fir de 54 Joer alen Ägypter decidéiert.

D'Ofstëmmung an der Generalversammlung am November wäert just nach eng Formsaach sinn. De Khaled el-Enany gëtt domat Nofollger vun der Franséisin Audrey Azoulay, déi no zwou véier Joer laangen Amtszäiten net méi kandidéiere konnt. Hie wäert den éischte Vertrieder aus engem arabesche Land, an den zweete vum afrikanesche Kontinent sinn op deem Posten.

Den el-Enany seet virun der Aufgab, der Unesco eng nei Finanzquell opzemaachen, nodeems d'USA am Juli erëm ausgetruede waren. Den Donald Trump gehäit der Organisatioun eng "anti-israeelesch Haltung" an d'Fërderung vu "gesellschaftlech a kulturell spléckenden UIeies" vir. Fir déi amerikanesch Ausfäll am Budget ze kompenséieren, déi ronn 8 Prozent ausgemaach hunn, sëtzt den neie Chef ënnert anerem op fräiwëlleg Bäiträg vu Regierungen, Stëftungen a soss Sponsoren.

De 54 Joer alen Ägypter ass studéierten Ägyptolog a war vun 2016 bis 2022 a senger Heemecht Minister fir Altertum an Tourismus. D'lescht Joer war hien zum Unesco-Ambassadeur fir kulturellen Tourismus ernannt ginn. Den el-Enany "wëllt weisen, dass d'Unesco eng miessbar Wierkung op d'Liewe vu ville Mënschen huet". Hien huet dobäi op Bildungsprojeten a Konfliktregioune verwisen, den Asaz fir d'Pressefräiheet an d'Fërdere vu Fraen an de Naturwëssenschaften.