Den Ausseminister huet an enger Reunioun mam Golf-Kooperatiounsrot Virschléi gemaach fir besser Relatiounen tëscht den Arabesche Länner an Israel.

Direkt nom Te Deum e Sonndeg an der Kathedral ass et fir den Ausseminister Xavier Bettel an de Kuwait gaangen. Den DP-Minister huet ënnert anerem un enger ministerieller Reunioun tëscht der EU an dem Kooperatiounsrot vu sechs Golf-Länner deelgeholl. Ee vun den Haaptsujeten war d'Situatioun a Gaza, an do misst een un enger Normalisatioun vun de Relatiounen tëscht Israel an der Arabescher Communautéit schaffen:

Xavier Bettel: "Ech hunn op deem Punkt och insistéiert, well ech net all Dag d'Chance hu mat sechs arabesche Länner och zesummen ze kommen, dass et och wichteg wier, fir en Zeeche vun hirer Säit ze kréien, fir eben och Normalisatioune mat Israel ze kréien. An do kéint een zum Beispill jo och esou eng Timeline maachen, wou ee seet, hei e Waffestëllstand, dat bedeit dat, d'Zweestateléisung bedeit dat, permanente Fridde bedeit dat. Dat heescht, dass ee wierklech esou e Plang mécht, wou een am Fong trancheweis och eng Verbesserung vun der Relatioun tëschent Arabesche Länner an Israel géif hunn.  
E Waffestëllstand wier déi iewescht Prioritéit, well et an dësem Konflikt nohalteg Friddensperspektivë bräicht."

Donieft huet de lëtzebuergeschen Ausseminister bei sengen Interventiounen och un de Respekt vum Internationale Recht appelléiert.

De Golf-Kooperatiounsrot ass eng politesch a wirtschaftlech Kooperatioun tëscht de sechs Golf-Länner Bahrain, Katar, Kuwait, Oman, Saudi-Arabien an de Vereenegten Arabeschen Emiraten.