D'EU wëll d'Importtaxen op Stol däitlech erhéijen

© INA FASSBENDER / AFP
D'Europäesch Unioun wëll hir Importtaxe fir Stol erhéijen a gläichzäiteg d'Quote fir den zollfräien Import reduzéieren.
Dat fir d'europäesch Stolindustrie, déi sech schonn an enger schwiereger Lag befënnt, géint bëlleg Importer aus China ze schützen.
D'Kommissioun wäert dem EU-Parlament zu Stroossbuerg en Dënschdeg déi entspriechend Mesurë proposéieren. Esou sollen d'Importtaxen op Stol op 50 Prozent verduebelt ginn an d'Quote fir den zollfräien Import gi bal ëm d'Hallschent reduzéiert.
D'europäesch Stolindustrie wier kuerz virum Kollaps gewiescht, sou de fir d'Industrie zoustännegen EU-Kommissär Stephane Sejourne. Mat den neie Mesurë géif ee se schützen, sou dass se weider investéieren an dekarboniséiere kéint, fir kompetitiv ze bleiwen. Géigeniwwer Journalisten zu Stroossbuerg sot de Sejourne, dass d'EU keng Politik am Stil vum Donald Trump géing maachen.
Allerdéngs huet den Trump, genee wéi et vun der EU geplangt ass, d'Importtaxen op Stol op 50 Prozent eropgesat. Dëst och mam Zil, déi eege Stolindustrie viru bëllegen Importer aus China ze schützen.