Finanziell Inclusioun
Den Ausseminister Xavier Bettel ass fir zwee Deeg zu Nairobi

© AFP
Am Kenia ass déi mëttlerweil 7. Editioun vun der afrikanescher Woch fir déi finanziell Inclusioun.
Dës gëtt duerch eng Lëtzebuerger ONG, zesumme mam kenianesche Staat organiséiert.
Schlëssel-Acteuren aus der Mikro-Finanz, Regierungsvertrieder, Finanz-Déngschtleeschter a Chercheuren tausche sech aus iwwer d’Zukunft an d’Perspektive vun der finanzieller Inclusioun um afrikanesche Kontinent. Also doriwwer, wéi d’Leit onofhängeg vun hirer sozialer oder wirtschaftlecher Situatioun, Zougang zu grondleeënde Finanzinstrumenter wéi Konten, Assurancen oder Kreditter kréien.
Am meeschte gelies