No der Fräiloossung vun de leschten israeelesche Geiselen e Méindeg, huet den US-President Donald Trump eng Ried am israeelesche Parlament gehalen.

Kuerz no 7 Auer e Méindeg de Moien huet de Rout-Kräiz-Convoi mat de Geiselen sech op de Wee gemaach. Hannert der Grenz op israeelescher Säit stoungen Honnerten Leit laanscht d'Stroossen, fir d'Geiselen ze begréissen. Och am Zentrum vun Tel Aviv haten d'Mënsche sech versammelt, fir ze feieren. Déi 20 Geiselen, déi e Méindeg fräigelooss goufen, sinn alles Männer. Besonnesch emotional hunn natierlech d'Famillje reagéiert. 738 Deeg ass et hier, datt si sech vir d'lescht gesinn hunn.
 
Grouss Freed och op Palestinensescher Säit. Am Friddensaccord gouf jo och festgehalen, datt knapp 2.000 palestinensesch Prisonéier fräikommen. Matt Busse goufen si an d'Westbank bruecht, wou schonn Honnerten Leit op se gewaart hunn.

Den US-President Trump war iwwerdeems an Israel, an huet virun der Knesset eng 68 Minutte laang Ried gehalen. "Mir hu vill Hëllef kritt, mir hu vill Hëllef vu ville Mënsche kritt, vun deenen een dat net erwaarde géif, an ech wëll hinnen dofir ganz häerzlech Merci soen. Et ass en onfaassbaren Triumph fir Israel an d'Welt, datt all dës Natiounen als Partner fir de Fridden zesummeschaffen", sou den Trump.

An deem Zesummenhang sot den US-President och den arabeschen a muslimesche Länner Merci, déi sech zesummegeschloss hätten, fir "d'Hamas dozou ze beweegen, d'Geisele fräizeloossen an Heem ze schécken". Et wier iwwerdeems "net nëmmen d'Enn vun engem Krich", mee och den Ufank vun engem "neien Noen Osten".

Weider huet den US-President a senger Ried ënnerstrach, datt säi Land d'Hamas-Attack op Israel de 7. Oktober 2023 "nimools" vergiesse géif. Mam Wafferou-Ofkommes géif e "laangen a schmäerzhaften Albdram" fir Israeelien a Palästinenser op en Enn kommen. "Et sollt elo jidderengem an der Regioun kloer sinn, datt d'joerzéngtelaang Fërderung vun Terrorismus an Extremismus, Dschihadismus an Antisemitismus net funktionéiert huet. Et huet net funktionéiert. Et war eng Katastroph.", sou den Trump weider.

D'Palästinenser huet hien an deem Zesummenhang dozou opgeruff, vun "Terror a Gewalt" ofzeschwieren. Et wier "hir Chance, sech fir ëmmer vum Wee vum Terror an der Gewalt" lasszeléisen.

Wärend der Ried vum US-President gouf et allerdéngs och kuerz Tumulter: En Deputéierte vun der lénker Parteiallianz Chadasch, den Ofer Cassif, gouf aus dem Sall erausgeheit, well hien e Schëld héichgehalen huet, op deem e palästinensesche Staat gefuerdert gouf.

E Méindeg ware jo déi lescht 20 israeelesch Geisele fräigelooss ginn. Si waren zwee Joer laang vun der Hamas festgehale ginn. Nodeems e Grupp vu 7 Leit liberéiert gi war sinn e Méindeg weider 13 Männer fräigelooss ginn. Si goufe via d'Rout Kräiz transferéiert a vum israeelesche Militär an Empfang geholl.