Ausgezeechent goufen de Joel Mokyr, de Philippe Aghion an de Peter Howitt

Geéiert gi se fir hir Erklärung vum wirtschaftleche Wuesstem, deen duerch Innovatioun ugedriwwe gëtt.
Zu Stockholm gouf e Méindeg am spéide Moie bekannt, wien dëst Joer den Nobelpräis fir Wirtschaft wäert kréien.
Eng Hallschent geet un den Joel Mokyr, fir seng Aarbecht, déi d’Viraussetzunge fir dauerhafte Wuesstem duerch technologesche Fortschrëtt identifizéiert huet.
Déi aner Hallschent gëtt gemeinsam dem Philippe Aghion an dem Peter Howitt zougesprach, dat fir hir Theorie vum dauerhafte Wuesstem duerch kreativ Zerstéierung.
Et ass deen eenzegen Nobelpräis, deen net direkt op d’Testament vum Alfred Nobel zeréckgeet, mä zanter de 60er-Jore vun der schweedescher Zentralbank gestëft gëtt.
De Präis gouf zanter 1969 56 mol iwwerreecht a 96 individuell Persoune goufen ausgezeechent. Elo kommen der dann nach emol dräi derbäi.
Zum enke Favorittekrees hu quasi just Economie-Chercheuren aus den USA gezielt, meeschtens vun Elite-Unie wéi Harvard, Stanford oder Yale.