Grenziwwergang zu Rafah soll opgemaach ginn

© AFP/STR
Israel wëll wéi et schéngt nees Liwwerunge vun Hëllefsgidder an d'Gazasträif iwwer de Grenziwwergang Rafah erlaben.
Den Iwwergang un der Grenz tëscht Ägypten an der Gazasträif géif geschwënn opgoen, huet e Mëttwoch de Moien den israeelesche Sender KAN gemellt. E Mëttwoch de Mëtteg hunn israeelesch Medie gemellt, datt de Grenziwwergang en Donneschdeg opgoe soll. Wéi israeelesch Medien e Mëttwoch mellen, soll eng Missioun vun der Europäescher Unioun op der Plaz stationéiert ginn. Eng Stellungnam vum israeelesche Militär an de Büro vum israeelesche Premier gëtt et bis ewell net.
Hamas hat och d'Läiche vum Däitsch-Israeli Tamir Nimrodi a vun zwou weidere Geiselen iwwerginn. Déi véiert Läich wier allerdéngs keng Hamas-Geisel gewiescht.
D'Hëllefsliwwerunge fir d'Populatioun an der Gazasträif sinn Deel vum Accord fir eng Wafferou tëscht Israel an der radikalislamescher Hamas. Der ëffentlech-rechtlecher Chaîne KAN no sollen am Laf vum Dag 600 Camione mat Hëllefsgidder an d'Palästinensergebitt fueren. Déi israeelesch Regierung huet de Rapport nach net confirméiert.
Déi am Wafferou-Ofkommes virgesinn Hëllefsliwwerungen un d'Gazasträif ware kuerz nom Accord ugaangen. Camione mat Hëllefsgidder sinn an de leschten Deeg iwwer de Grenziwwergang Kerem Schalom an d'Gazasträif gefuer. D'UN an dat Rout Kräiz fuerderen, datt all Grenziwwergäng fir Hëllefsgidder sollen opgemaach ginn.
Déi humanitär Situatioun am Palästinensergebitt ass no zwee Joer Krich katastrophal. De rietsextremen israeelesche Sécherheetsminister Itamar Ben-Gvir hat en Dënschdeg gefuerdert, d'humanitär Hëllef komplett ze blockéieren, falls d'Hamas net direkt déi lescht Läiche vu Geiselen un Israel géif ginn.
D'Ausliwwerung vun doudege Geisele verspéit sech
Am Wafferou-Ofkommes war u sech virgesinn, datt all d'Geiselen an der Gazasträif bis e Méindegmëtteg sollten iwwergi ginn. Zwar sinn all 20 lieweg Geisele bis dohin nees Doheem gewiescht, ma d'Hamas huet d'Frist fir d'Ausliwwerung vun den 28 doudege Geisele verpasst. E Méindeg an en Dënschdeg goufe jeeweils just véier Läichen un Israel iwwerginn. Ënnert hinne war och den Däitsch-Israeli Tamir Nimrodi, deen als Zaldot un der Grenz zu der Gazasträif stationéiert war a vun den Hamas-Kämpfer aus enger Kasär an d'Gazasträif verschleeft gi war.
"Mat gebrachenem Häerz an ondrobarer Péng gi mir bekannt, datt d'Läich vum Tamir, mengem eelste Jong, (gëschter) Owend aus Gaza rapatriéiert gouf", esou säi Papp Alon Nimrodi op Facebook.
Iwwert den Doud vum Tamir Nimrodi zirkuléieren ënnerschiddlech Versiounen. D'israeelesch Arméi geet dovun aus, datt hien am Ufank vum Krich a Gefaangenschaft ëmbruecht gouf. De Forum vun de Familljemembere vun de Geiselen huet allerdéngs eng aner Aschätzung. Si ginn dovunner aus, datt den Nimrodi duerch israeelesch Ugrëff op Ziler an der Gazasträif ëm d'Liewe komm ass.
D'Identitéit vun zwou weidere Geiselen, déi en Dënschdeg un Israel iwwergi goufen, sinn iwwerdeems och confirméiert. D'Famillje vum Uriel Baruch an dem Eitan Levy hunn an de Soziale Medien hir "déif Trauer" an hir "Péng" iwwer den Doud vun den zwee Männer matgedeelt. Déi véiert Läich wier allerdéngs keng Hamas-Geisel gewiescht, esou déi israeelesch Arméi no forenseschen Analysen. Si huet d'Hamas opgeruff, "all noutwenneg Ustrengungen ze ënnerhuelen, fir déi verstuerwe Geiselen zeréckzeginn."
Der Chaîne KAN no huet d'Hamas fir e Mëttwoch d'Iwwergab vu véier weidere Läichen an Aussiicht gestallt. Eng Confirmatioun gëtt et allerdéngs nach net.
Beim Hamas-Iwwerfall um 7. Oktober 2023 koumen israeeleschen Donnéeën no iwwer 1.200 Leit ëm d'Liewen. 251 goufen an d'Gazasträif entfouert, An den zwee Joer drop sinn den Hamas-Autoritéiten no an der Gazasträif iwwer 67.900 Leit ëm d'Liewe komm.