Medie mellen, dass Lëtzebuerg ënnert den 20 Staaten wier, déi per Bréif un d'EU-Migratiounsautoritéite fir méi Rapatriementer an Afghanistan plädéieren.

Wéi d'Tagesschau an Däitschland e Samschdeg bericht, huet eng Grupp vun 20 Staaten – dorënner och Lëtzebuerg – sech mat engem Schreiwes un den EU-Migratiounskommissär Magnus Brunner geriicht. Si froen d'EU-Kommissioun, weider Schrëtt ze ënnerhuelen, fir d'Rapatriementer vu Persounen ouni Openthaltsrecht an Afghanistan erméiglechen ze kënnen.

Dem Bréif no hätten am leschte Joer EU-wäit 22.870 Afghanen eng offiziell Entscheedung fir e Rapatriement kritt, mee just 435 wieren tatsächlech zeréckgaangen. D'Staaten drängen dofir drop, d'Thema fräiwëlleg wéi och forcéiert Réckreesen an Afghanistan als eng "gemeinsam Verantwortung" op EU-Niveau unzegoen.

Ausserdeem solle weider Méiglechkeete fir Rapatriementer an dat vun den Taliban kontrolléierte Land gepréift ginn – mat Prioritéit fir Persounen, déi eng "Gefor fir den ëffentlechen Uerder oder d'national Sécherheet duerstellen".

D'Schreiwes gouf op Initiativ vun der Belsch opgestallt a soll vun dëse Länner ënnerschriwwe gi sinn: Lëtzebuerg, Däitschland, Holland, Bulgarien, Estland, Finnland, Griicheland, Irland, Italien, Litauen, Malta, Éisträich, Polen, Slowakei, Schweden, Tschechien, Ungarn an Zypern. Och Norwegen huet ënnerschriwwen – d'Land ass zwar net EU-Member, mee et gehéiert zum Schengenraum a schafft mat der EU-Asylagence zesummen.

Vun däitscher Säit gëtt drop higewisen, datt Berlin Gespréicher mat den Taliban iwwer méiglech Rapatriementer féiert. Aussoe vum däitsche Bundesinneminister Alexander Dobrindt (CSU) no ginn dës Verhandlunge gutt virun.

D'Kontakter si politesch ëmstridden, well Däitschland offiziell keng diplomatesch Relatiounen zu de Taliban huet, déi zanter August 2021 nees un der Muecht sinn.