Lëtzebuerger Influencer Dylan Thiry soll Donatiounen ënnerschloen hunn

Dem Lëtzebuerger Influencer Dylan Thiry, bekannt duerch d'Survival-Sendung "Koh Lanta Cambodge", gëtt virgeworf, Donatiounen ënnerschloen ze hunn.
De Lëtzebuerger Dylan Thiry muss sech a Frankräich viru Geriicht veräntweren. Wéi déi franséisch Zeitung "Le Figaro" schreift, hätt hie sech mat Suen aus senge Spendenaktioune fir humanitär Zwecker zwee Mercedes-Autoe kaaft.
E Méindeg gëtt hien um Strofgeriicht zu Paräis wéinst "abus de confiance" ugeklot. Hien hat 2021 an 2022 en Opruff zu Donatioune gemaach, fir aarme Kanner a Madagaskar ze hëllefen. 250.000 Euro krut hien esou beieneen. D'Justiz reprochéiert him elo, een Deel vum Geld ënnerschloen ze hunn.
Hie riskéiert eng Prisongsstrof vu fënnef Joer an 375.000 Euro Strof.
Den Thiry ass 2017 bekannt ginn nodeems hie bei der franséischer Survival-Sendung "Koh Lanta Cambodge" matgemaach hat. Obwuel hien no der éischter Episod schonn erausgewielt gouf, hat hie vill iwwer sech schwätze gedoen, well hien decidéiert hat, mat Gucci-Mocassinen am Wäert vu 500 Euro an den Dschungel ze goen. Dat war säin Duerchbroch, duerno huet hien an anere Reality-Sendunge matgemaach.
Mëttlerweil lieft den 30 Joer alen Influencer zu Dubai an informéiert seng 2,3 Millioune Fans via Instagram iwwer säi Liewen.