Eng 34 Joer al Fra gouf en Donneschdeg zu Stuttgart vun engem Auto ugestouss, wéi si mat hirem 2 Joer ale Meedchen iwwert d'Strooss gaangen ass.

Eng 23 Joer al Fuererin war géint 16 Auer mat hirem Won lénks ofgebéit, hat d'Foussgängerin mam Buggy wuel iwwersinn a krut si ze paken.

De Buggy, an deem d'Kand sou, ass ëmgefall, d'Meedche gouf zum Gléck awer just liicht verwonnt. D'Mamm vu 34 Joer gouf allerdéngs schwéier blesséiert. Si war ënnert dem Won ageklemmt ginn. Zeien op der Plaz hunn net gezéckt an hu gehollef, d'Gefier unzehiewen, fir d'Fra ze befreien. D'Kand an d'Mamm goufen nach op der Plaz versuergt an dunn an d'Spidol transportéiert.

Och ee Passant, dee gehollef hat, den Auto unzehiewen, an dono iwwer Péng geklot huet, koum an d'Spidol.

D'Police vu Stuttgart huet en Zeienopruff lancéiert.