Virum Sommet vun den Ënnerstëtzerlänner vun der Ukrain gouf den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj vum brittesche Kinnek Charles III empfaangen.

De Selenskyj an de Charles sinn e Freideg zesumme laanscht d'Éieregard virum Schlass Windsor westlech vu London gaangen, wärend déi ukrainesch Nationalhymn gespillt gouf. Duerno hat den ukrainesche Gaascht seng Audienz beim Kinnek. Et ass déi drëtte Kéier dëst Joer, datt de President Selenskyj an de Kinnek Charles sech ëffentlechkeetswierksam gesinn.

D'Treffe vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllege fir d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain an hirem Ofwier-Krich géint Russland war fir e Freideg am Nomëtteg geplangt. Bei de Gespréicher géif d'Zil am Mëttelpunkt stoen, den "Drock op Russland maximal an d'Luucht ze dreiwen" an "d'Ukrain beschtméiglech a laangfristeg ze ënnerstëtzen", heescht et vun der däitscher Bundesregierung.

De brittesche Premier Keir Starmer wëll déi europäesch Alliéiert vun der Ukrain um Sommet dozou opruffen, méi Waffe mat grousser Reechwäit u Kiew ze liwweren. D'Ukrain misst en vue vum Wanter, dee virun der Dier steet, an déi beschtméiglech Positioun bruecht ginn, esou dem Starmer säi Büro.

Um Treffe gi sech ënnert anerem de Selenskyj, den Nato-Generalsekretär Mark Rutte déi dänesch Regierungscheffin Mette Fredriksen an d'hollännesch Ministerpresidenten Dick Schoof erwaart. Aner Staats- a Regierungscheffen, wéi de franséische President Emmanuel Macron, gi per Videokonferenz bäigeschalt.

D'Ukrain hat zulescht probéiert, vun der US-Regierung Tomahawk-Rakéiten ze kréien, ma bis ewell ass eng Liwwerung net a Siicht. D'Tomahawks hunn eng Reechwäit vu bis zu 1.600 Kilometer a géifen der Ukrain domat Ugrëff déif op russeschem Territoire erlaben.

Groussbritannien a Frankräich liwweren der Ukrain scho Waffe vum Typ Storm Shadow a Scalp mat grousser Reechwäit. Ukrain ass awer och besonnesch interesséiert un däitschen Taurus-Rakéiten. Däitschland huet aus Angscht virun enger weiderer Eskalatioun bis ewell net geliwwert. Déi däitsch Regierung wëll aus taktesche Grënn och manner Detailer iwwer d'Waffeliwwerungen un d'Ukrain ginn. Dat betrëfft och d'Taurus-Liwwerungen.