Véier Doudeger bei presuméiertem Attentat an enger Gare am Norde vun der Ukrain
© National Police of Ukraine/AFP/Handout
An engem presuméierte Sprengstoff-Attentat an enger Gare am Norde vun der Ukrain sinn dräi Mënschen ëmkomm an 12 weiderer si blesséiert ginn.
Den Attentat wier wärend enger Dokumentekontroll an der Gare vun Owrutsch vun engem Mann ausgeléist ginn, huet den ukrainesche Grenzschutz e Freideg op Telegram matgedeelt. Dräi Fraen, dorënner eng Grenzbeamtin an zwou Zivilistinnen, wieren deemno an der Explosioun ëmkomm. Ënnert den Doudesaffer wier och den Täter selwer.
De presuméierten Attentäter wier den Autoritéiten no en 23 Joer ale Mann, dee viru kuerzem eréischt probéiert hätt, am Westen iwwert d'Grenz ze kommen, heescht et vum Grenzschutz.
D'Police huet hirersäits gesot, d'Grenzschutzbeamten hätten e Freideg d'Pabeiere vu Passagéier kontrolléiert, wou ee vun hinnen ee Sprengkierper op de Quai placéiert hätt, deen dann detonéiert wier. Ukrainesche Medien no wier et eng Granat gewiescht. Op Nofro vun der Noriichtenagence AFP huet ee Spriecher vum ukraineschen Inneministère d'Aart vum Sprengkierper fir d'éischt nach net confirméiert.
Owrutsch ass net wäit fort vun der Grenz mam Belarus. D'Beamte vum Grenzschutz hunn op Telegram ee Bild verëffentlecht, an dem ze gesinn ass, wéi d'Secouristen den Affer zur Hëllef kommen.