Litauen
Et gouf alt nees eng Loftraum-Verletzung vu russesche Fligeren am Baltikum
Déi litauesch Arméi huet zwee russesch Militärfligeren an hirem Loftraum gemellt. 18 Sekonne laang wiere si do geflunn.
Als Reaktioun goufen Eurofighter vun der NATO-Loftraumraum-Iwwerwaachung an d’Luucht geschéckt. Estland, Lettland a Litauen hu keng eege Kampffligeren. Et ass nees eng weider Provokatioun vu Russland, sot ënnert anerem den däitsche Kanzler Merz.
Am meeschte gelies