Agefruere russesch Gelder fir d’Ukrain – Nei Optiounen am Dezember
© AFP
Agefruere russesch Staatsgelder als Garantie fir Kreditter fir d'Ukrain anzesetzen, muss nach op d'mannst bis Enn des Joers waarden.
Déi 27 EU Staats- a Regierungscheffe si sech en Donneschdeg um EU-Sommet zu Bréissel just eens ginn, fir d’EU-Kommissioun ze beoptragen, Optiounen ze sichen. D’Belsch, wou déi meescht russesch Staatsgelder bei Euroclear immobiliséiert sinn, krut net déi néideg Garantien.
Et géing ze vill Risike ginn: wat geschitt, wa Russland sech wiert, wat geschitt wann d’Sue mussen zeréckbezuelt ginn? Net just d'Belsch hat Bedenken, och aner Memberstaaten hate vill Froen, esou de Premier Luc Frieden, deen d’Iddi moralesch richteg fënnt, nom Sommet. Dobäi hat den ukrainesche President Selenskyj, deen och fir den Ufank vum Sommet an der belscher Haaptstad war gesot, d’Ukrain bräicht déi Suen direkt am Ufank vum nächste Joer.
Optioune vun der EU-Kommissioun géingen um nächste Sommet am Dezember dann diskutéiert ginn. D’Ukrain géing net fale gelooss ginn.
Kompetitiv Klimapolitk
D’EU wëll méi onofhängeg ginn. Vu fossiller Energie ënnert anerem. Domadder wier an engems dem Klima gedéngt. Zwou Mécken op engem Schlag. Fir de Luc Frieden ass eng drëtt Méck awer nach méi wichteg: d’Kompetitivitéit. Well ouni Wirtschaft kee Sozialstaat, mee och keng ekologesch Transitioun seet hien. De Premier ass och iwwerzeegt, datt een d’Leit an d’Betriber net kéint forcéieren, mee misst mathuelen.
Och wann awer bis elo och méi contraignant Mesurë Resultater iwwerhaapt bruecht hunn? De Luc Frieden huet betount, Lëtzebuerg géing net gär Ziler änneren a wéilt ambitiéis Klimaziler bäibehalen. Hien, ewéi aner Staaten, wënsche sech awer méi Flexibilitéit, jee no Secteur oder geographescher Lag zum Beispill.
Informellen, extraordinäre Kompetitivitéit-Sommet am Februar
Am Géigesaz zum Bundeskanzler Friederich Merz, deen de Vott vum EU-Parlament géint en Deel vun der administrativer Vereinfachung ferm kritiséiert huet, sot de Lëtzebuerger Premier, datt d'Deputéiert souverän sinn. Mee ewéi de Merz, fënnt de Luc Frieden eng Léisung batter néideg, well a sengen Ae wier déi lescht Joren iwwerreglementéiert ginn. Vum Premier gouf een och gewuer, datt am Februar en informellen oder extraordinäre Sommet wäert sinn, fir sech eleng mam Thema Kompetitivitéit auserneenzesetzen.
Och d’Thema Logement ass op EU-Niveau ukomm an och hei hunn d’Memberstaaten d’Kommissioun opgeruff, konkret Pläng ze presentéieren ewéi d’EU mee och d’Länner méi bezuelbare Wunnraum kéinte schafen.