Wärend d'Zënse vun den agefruerene russesche Gelder scho fir d'Ukrain genotzt ginn, wëll een nach emol kucken, wat ee mat deene Montante selwer mécht.

D’europäesch Unioun hëlt dësen Donneschdeg déi politesch Decisioun, fir d’finanziell Ënnerstëtzung vun der Ukrain fir dat nächst an iwwernächst Joer. Dat huet de Conseilspresident Antonio Costa en Donneschdeg de Moie bei senger Arrivée um EU-Sommet zu Bréissel deklaréiert. Hien hat op senger Säit den ukrainesche President Selenskyj.

EU-Sommet zu Bréissel / Reportage François Aulner

D’europäesch Unioun begréisst d’Efforte vum US-President Trump fir de Fridden ausdrécklech, mä erkennt an den US-Sanktioune géint grouss russesch Energiekonzerner eng weider Confirmatioun, datt et de russesche President Putin eleng wier, deen net un enger Wafferou oder Friddensgespréicher interesséiert wier.

Am Géigesaz zur Ukrain. De Wolodymyr Selenskyj huet en Donneschdeg de Moien an der belscher Haaptstad nach emol betount, datt d’Ukrain dofir wier, mat der eenzeger Konditioun, datt Verhandlunge "fair" wieren. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden sot, hie géing verstoen, datt d’Leit midd si vum Krich, mee fir hie wier och kloer, datt vu Russland kee Signal géing kommen, fir ze verhandelen.

Agefruere Gelder fir d’Ukrain - Garantie fir d’Belsch

Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéieren haaptsächlech nach emol iwwert d’russesch Staatsgelder. Zënsen op deene Gelder gi schonn als Ënnerstëtzung fir d’Ukrain benotzt. D’EU wëll déi Gelder elo nach méi direkt kënnen asetzen.

De belsche Premier Bart de Wever sot, hie wier oppen dofir, mee hie bräicht Garantien, datt d’Belsch net eleng am Ree stoe gelooss gëtt. Hien huet betount, datt bei Euroclear russesch Staatsgelder an Héicht vun 180 Milliarden Euro leien, wat "gigantesque" wier. A sengen Ae missten déi aner EU-Staaten, déi russesch Gelder bei sech hunn, d’Zënsen dorobber esou ewéi d’Belsch schonn och asetzen. Virun allem misst de "Risk" viru russesche juristesche Represalie "mutualiséiert" ginn a wann d’Gelder eng Kéier missten zeréckbezuelt ginn, missten all d’EU Länner "d’Suen op den Dësch leeën".

De Lëtzebuerger Premier sot, hie wier domadder averstanen. Anerersäits sot de Luc Frieden, datt zu Lëtzebuerg keen eng gréisser Zomm u russesche Staatsgelder bei sech hätt. Hien huet betount, datt d’Diskussioun just ëm Staatsgelder dréint an net privat Avoiren, déi duerch Sanktiounen och agefruer sinn.

Ëmwelt a Kompetitivitéit

Uewen an der Dagesuerdnung steet och nees d’Ëmweltpolitik an d’Kompetitivitéit. De Luc Frieden sot, d’Klimakris wier eng Gefor fir d’Mënschheet an dofir misst een ambitiéis Ziler bäibehalen. Allerdéngs misst een awer och pragmatesch a flexibel sinn an d’Ekonomie misst dréinen. De Lëtzebuerger Premier huet dowéinst bedauert, datt d’EU-Parlament e Mëttwoch en Deel vun de Propose fir eng administrativ Vereinfachung verworf huet.

Den däitsche Kanzler Friederich Merz huet d’EU-Deputéiert opgeruff, hire Vott z’iwwerdenken. Et wier e "fatale Feeler" an hie géing sech extrem Suergen ëm d’europäesch a besonnesch déi däitsch Industrie maachen. Genee ewéi hie fënnt de Luc Frieden, datt déi lescht Joren "iwwerreglementéiert" gi wier. "Nëmmen eng flott, zolidd Wirtschaft, déi séier ka produzéieren, hëlleft eis och e Sozialstaat ze finanzéieren an déi ekologesch an digital Transitioun".