Bei Facebook an Instagram géif et virun allem Lacunne bei de Méiglechkeete fir User, sech ze beschwéiere ginn, heescht et vu Bréissel.

Des Weideren ass et de Virworf un d'Meta-Déngschter, ma och d'Videoplattform Tiktok, datt Fuerscher net genuch Accès zu hiren Donnéeë kréien, wat eng onofhängeg Kontroll behënnere géif.

Virun allem geet et ëm Fäll, an deenen d'Plattforme Profiller spären oder Bäiträg wéinst Verstéiss géint d'Geschäftsbedéngunge läschen. EU-Gesetz no hunn d'User e Recht drop, fir géint esou eng Spärung ze protestéieren. Et géif bei Instagram a Facebook zwar entspriechend Ulafstelle ginn, mee Betraffener hätten der EU-Kommissioun no trotzdeem keng Méiglechkeet, fir hei Beweisdokumenter virzeleeën.

Och ass et de Reproche, datt de System fir bestëmmt Inhalter oder Falschinformatiounen ze mellen, op Facebook an Instagram net gutt funktionéiere géif. Datt bei engem Signalement vu problemateschem Contenu perséinlech Informatiounen ofgefrot ginn, gëtt och kritiséiert.

Meta, wéi och Tiktok, kënnen elo op d'Reprochen agoen oder Zougeständnesser maachen. Ginn dës der EU-Kommissioun net duer, kënne Geldstrofe géint d'Entreprisë verhaange ginn.