Um Donneschdeg a Freideg ass déi 337. Sëtzung vum Conseil vun der Europäescer Weltraumagence.

Zypern huet e sougenannten "Associate Agreement“ ënnerschriwwen, dëse muss elo nach ratifizéiert ginn.
De Rot vun der ESA huet e fënnefjärege Memorandum of Understanding mam World Food Programme (WFP) geneemegt, fir Donnéeën aus dem All an Technologien am Fall vu Katastrophenhëllef ze benotzen an och fir d'Sécherheet an der Ernärung ze garantéieren.

Dëst erlaabt e méi staarken Austausch vun Expertisen an d’Entwécklung vu konkreten Uwendungen, esou de Generaldirekter Josef Aschbacher.

Ënnerstëtzung fir Spuenien

D'Europäesch Weltraumagence wäert an Zukunft Spuenien verstäerkt ënnerstëtzen, dat beim Projet vun der "Atlantic Constellation". Mat dëser Konstellatioun vu 16 Satellitte solle virun allem déi regional an international Erausfuerderungen an Impakter duerch de Klimawandel besser observéiert ginn.

Kooperatioun mat NASA

E "Memorandum of Understanding" mat der amerikanescher Weltraumagence gouf geneemegt, deen d’Instrumenter JEDI an d'ESA’s Vigil-Missioun integréiert. Vigil soll d'Sonn iwwerwaachen, fir esou d'Wieder am All virauszesoen. De 26. a 27. November ass zu Bremen de grousse Conseil, wou och d'europäesch Minister vertruede sinn. Fir Lëtzebuerg ass dat de Wirtschaftsminister Lex Delles.