Déi franséisch Gemeng Kanfen läit tëscht der Lëtzebuerger Grenz an der Autobunn A31.

Engersäits profitéiert dat 1.200 Awunner Duerf vun der Proximitéit mat Lëtzebuerg, anerersäits leit et drënner.

Demographesch gesinn, huet Kanfen sech duerch d’Arrivée vun neie Grenzgänger mat héijer Kafkraaft entwéckelt. Et koume Commercë bäi, d’Duerf huet haut zwou Micro-Crèchen, Spill- a Primärschoulen. Ma et gëtt och Nodeeler, esou no un der Grenz mam Grand-Duché ze leien: Dee gréisste Problem fir Kanfen ass den Trafic. Ass d’A31 iwwerlaascht, fuere vill Automobilisten alternativ Strecken, dacks och duerch d’Häerz vum Duerf.

Dofir leie munch Hoffnungen um Projet vun der A31 bis. Ma am Géigesaz zum Grand-Duché, deen amgaangen ass, d’A3 ze vergréisseren, schleeft de Projet zanter Joren. An de Buergermeeschter Denis Baur zweiwelt drun, ob den Ausbau wierklech eppes brénge wäert. Ëmmerhi géif ee schonn 10 Joer um Projet dokteren. E géif d’Erwaardungen an d’Besoine vun haut net méi erfëllen.

Déi aner grouss Gewëssheet ass de Peage. Well mam Ausbau vun der Autobunn op zweemol dräi Spueren, mussen d’Automobiliste fir de Passage bezuelen. Wat verschiddener dozou verleede kéint, iwwer d’Niewestroossen ze fueren. Ma dat wäert sech réischt an enger Rei Jore weisen. De Chantier op der A31 soll fréistens 2030 ufänken.