"Als EU hu mer ganz kloer d'Ambitioun, fir e ganz staarken Accord erauszekréien"
Um Dënschdeg huet déi brasilianesch Presidentschaft vun der Weltklimakonferenz en éischten Entworf vun enger Ofschlosserklärung virgeluecht.
Bei direkt e puer Punkte si sech déi ronn 200 Länner, déi zanter gläich zwou Woche verhandelen nach oneens.
Dee Constat mécht och den Andrew Ferrone, Direkter fir europäesch an international Affären am Lëtzebuerger Ëmweltministère, dee vun Ufank un zu Belém mat dobäi ass. Bei dräi Punkte géingen d’Diskussioune schleefen: d’Ambitioune fir der Äerderwiermung entgéint ze wierken, d’Adaptatioun un de Klimawandel an d'Klima-Finanzéierung. Den Entworf vun der Ofschlosserklärung geet dem Klimatolog no awer an déi richteg Richtung.
Wat fir eis ganz wichteg ass, ass datt een dat Ganzt als Package kuckt. Also dass een alleguerten déi Decisiounen, déi elo um Dësch leien, zesumme kuckt. Dass deen ee kann e bëssen op där enger Säit noginn, deen aner e bëssen op der anerer Säit. Mee als EU, hu mer ganz kloer d'Ambitioun, fir hei e ganz staarken Accord erauszekréien.
Esou huet Lëtzebuerg zesumme mat 80 anere Länner gefuerdert, datt eng Roadmap soll an d’Ofschlosserklärung komme fir aus de fossillen Energien erauszeklammen.
D'Zukunft ass erneierbar Energien. Fir eis och onofhängeg ze maachen vun de fossille Brennstoffer, déi mer aus anere Länner kréien an natierlech och fir d’Emissioune vun Treibhausgasen erofzesetzen.
Och dëst Joer sinn nees zwou Jugenddelegéierter fir Lëtzebuerg mat op der Konferenz. D’Lara Bertemes ass eng vun den zwou jonke Fraen, déi déi zwou Wochen zu Belém mat dobäi sinn. D’Negociatioune wier laang, lues a ganz technesch. Dat kéint frustrant si fir Jonker, mee si kéinte sech awer a villen Hisiichten abréngen.
Mir sinn zwou Wochen hei. Dat heescht, mir sinn och Deel vun deene méi techneschen Aspekter. A mir probéieren eis ze involvéieren op EU-Level a Kollaboratioun mam European Youth Delegates Network. Dat heescht, mir schaffen alleguer zesummen un den Texter, probéieren den Dialog ze sichen mat den Negociateuren aus der EU.
An den nächsten Deeg gëtt nach vill diskutéiert a verhandelt bis Ofschlosserklärung steet. An de leschte Joren ass d’Weltklimakonferenz ëmmer méi spéit op en Enn gaange wéi geplangt. Den Andrew Ferrone vum Ëmweltministère schléisst net aus, datt dat dëst Joer och nees wäert de Fall sinn.