Reporter vun der AFP hu matkritt, datt am Aganksberäich an der Géigend vum Lännerpavillon grouss Flamen an ze gesi waren.

En Donneschdeg ass um Site vum COP30 Belém e Feier ausgebrach, wéi AFP-Journalisten observéiert hunn. Si goufen zesumme mat allen anere Participanten op Uerder vun de Sécherheetsbeamten evakuéiert, wärend d’Pompjeeë versicht hunn, d’Flamen an de Grëff ze kréien.

Héich Flamen waren um Stand vun engem Land bei der Entrée ze gesinn. Den Damp huet sech esouwuel um Site wéi och ausserhalb vum Site ausgebreet. Dat huet eng Panik an der Stad um Bord vum brasilianeschen Amazonas ausgeléist.

Et war genee zu deem Ament passéiert, wéi d'Ministere aus de verschiddenste Länner, déi un der COP deelhuelen, an Negociatioune waren, fir zu engem Kompromëss iwwer den Notze vu fossille Brennstoffer, dem Finanzéiere vu Klimamesuren an dem Handel ze kommen.

RTL

© PABLO PORCIUNCULA / AFP

Déi zéngdausende Participante vun der COP goufe vum Site erofgeleet, wou si an aller Rou op Neiegkeeten iwwer de Brand waarden. Wéi et vun der AFP heescht,  läit e liichte Geroch vu verbranntem Plastik an der Loft.

Duerch déi séier Reaktioun vun de Pompjeeë war d'Feier séier ënner Kontroll. Kuerz no 18.30 Auer koum vun den Autoritéiten de Message, datt d'Feier aus wier an dat et beim Materialschued bliwwen ass. Wéi et schéngt war d'Feier kuerz no 18 Auer ausgebrach.

RTL-Informatiounen no gouf d'Lëtzebuerger Delegatioun och mat evakuéiert an a Sécherheet bruecht.