Ass d'Stad Lëtzebuerg amgaangen, "seng Identitéit ze verléieren"?
An eiser Haaptstad, wou d'Urbaniséierung mat grousser Vitess virugeet, ass den Architekt Shahram Agaajani eng vun de kritesche Stëmmen.
Den Architekt vum Büro Metaform, deen ënner anerem hannert dem Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai an hannert dem Postbüro am Garer Quartier steet, deelt seng Admiratioun esou wéi och seng Suergen iwwert d'Entwécklung vun eiser Haaptstad. D'Stad Lëtzebuerg géif dem Shahram Agaajani no "seng Identitéit" verléieren a géif ënnert engem Ausbau leiden, deen engem heiansdo "ouni Visioun an ouni Qualitéit" eriwwer kéim.








Zesumme mat eise Kolleege vun RTL Infos huet den Architekt e City-Trip vun der Gare bis op de Findel ënnerholl, ëmmer der Linn vum Tram no. Dobäi huet de Lëtzebuerger mat iraneschen Originne seng Begeeschterung awer och seng Kritik fir d'Architektur vun de Gebaier an der Stad zum Ausdrock bruecht. D'Paräisser Plaz zum Beispill bezeechent hien als "kal", de Pont Adolphe wier e sengen Aen e Symbol vun engem Kënnen, wat awer aktuell riskéiere géif, ze verschwannen. Um Kierchbierg an um Royal Hamilius, dee vun internationale Stare geliwwert gouf, gesäit den Shahram Agaajani d'Evolutioun vun der Haaptstad.




"Mir erliewen eng extrem séier Urbaniséierung, wou d’Wirtschaft ëmmer Prioritéit huet. An engem klenge Land wéi Lëtzebuerg geet dat dacks Hand an Hand mat enger Konzentratioun vun Interessen. Et gëtt kee Raum fir d’Reflexioun. Mëttel- a laangfristeg leide mir ënner dëser opportunistescher, visiounsloser a qualitativ schwaacher Entwécklung," erkläert den Expert. Hie füügt derbäi: "Lëtzebuerg huet vill ënner dem spekulative Gewiicht gelidden, vill schéi Gebaier si verschwonnen – an domat och e Stéck vun eiser Identitéit."







