Iewescht Geriicht confirméiert Inhaftéierung vun Ex-President Bolsonaro
De Bolsonaro am Haaptgebau vun der brasilianescher Bundespolizei zu Brasília. / © AFP/Sergio Lima
Wéinst engem geplangte Coup war de fréiere rietse Staatschef Jair Bolsonaro zu 27 Joer Prisong verurteelt ginn.
Dat Iewescht Geriicht a Brasilien huet confirméiert, datt den Ex-President Jair Bolsonaro wéinst Fluchtgefor an de Prisong koum, nodeems hie seng elektronesch Foussfessel futti gemaach hat. De Bolsonaro hätt "dat elektronescht Iwwerwaachungsgerät express a bewosst" futti gemaach, huet den Ieweschte Riichter Alexandre de Moraes e Méindeg geurteelt. Och déi dräi anerer Riichter hu fir d'Inhaftéierung vum Bolsonaro gestëmmt.
Bei engem geplangte Protest fir de 70 Joer alen Ex-President virun deem sengem Haus hätt et iwwerdeems "eeschthaft Hiweiser op ee méigleche Fluchtversuch" ginn, esou de Moraes. Dem Bolsonaro säin Haus, an deem hien an Hausarrest war, wier net wäit vun der US-Ambassade, huet de Riichter preziséiert, an de Bolsonaro hätt eng eng Bezéiung zum US-President Trump. De Riichter huet ugedeit, de Bolsonaro hätt probéiert ze flüchten, fir an den USA politeschen Asyl unzefroen.
De Bolsonaro selwer huet dementéiert, datt et ee Fluchtversuch gewiescht wier. E Sonndeg hat hie virum Ieweschte Geriicht gesot, hien hätt tëscht Freideg a Samschdeg wéinst Medikamenter, déi hie geholl hätt, "eng gewëss Paranoia" gehat. Dat goung aus engem Geriichtsdokument ervir, dat der Noriichtenagence AFP virlouch. Hien hätt "Halluzinatioune" gehat a gemengt, hie géif mat der elektronescher Foussfessel ofgelauschtert ginn.
Dem Bolsonaro seng futtis Foussfessel. / © State Secretariat for Penitentiary Administration (SEAP)/AFP/Handout
De Bolsonaro war e Samschdeg wéinst Fluchtgefor festgeholl ginn, nodeems hie seng elektronesch Foussfessel mat engem Léitkollef beschiedegt hat. Op Uerder vum Ieweschte Geriicht gouf hien aus dem Hausarrest an de Prisong verluecht. D'Geriicht hat den extrem-rietsen Ex-Staatschef am September wéinst engem geplangte Coup zu méi wéi 27 Joer Prisong verurteelt. Virun e puer Deeg hat dat Iewescht Geriicht dem Bolsonaro säin Appell géint d'Urteel ofgewisen.
De Bolsonaro, dee Brasilien vun 2019 bis 2022 ugefouert huet, war schëlleg gesprach ginn, eng "kriminell Organisatioun" ugefouert ze hunn, déi seng Néierlag an de Walen vu 2022 géint den aktuelle lénksgeriichte President Luiz Inácio Lula da Silva kippe wollt.
Dat Iewescht Geriicht war zum Schluss komm, datt de fréiere President den 8. Januar 2023 seng Ënnerstëtzer dozou ugestëft hat, de Kongress, dat Iewescht Geriicht an de Presidentepalais an der Haaptstad Brasília ze erstiermen. Honnerten Ënnerstëtzer vum Bolsonaro waren deemools do agedrongen an hate schwéier Verwüüstungen ugeriicht. D'Zeene vun der Gewalt hunn un den Ugrëff vun Trump-Supporter op d'Kapitol zu Washington zwee Joer virdrun erënnert.