Véier weider Verdächteger festgeholl
© AFP
Gutt fënnef Wochen nom spektakulären Déifstall am Louvre zu Paräis huet d'Police véier weider Verdächteger festgeholl.
Dem Paräisser Parquet no wieren zwee weider Männer am Alter vun 38 an 39 Joer an zwou Fraen am Alter vun 31 a 40 Joer am Kader vun den Ermëttlungen zum Déifstall am Louvre festgeholl ginn. Ob ënnert hinnen och de bis ewell nach gesichte véierten Abriecher ass, hunn d'Ermëttler bis ewell nach net matgedeelt.
Beim Abroch den 19. Oktober haten d'Déif Géigestänn am Wäert vu ronn 88 Milliounen Euro a vun "onschätzbarem kulturelle" Wäert geklaut. D'Täter ware matten am Dag mat Hëllef vun enger Aart Nacelle duerch eng Fënster an de weltberüümte Musée agedrongen. Entkomm sinn d'Déif mat de geklaute Saachen iwwer de selwechte Wee, fir sech dann op Scooteren duerch d'Bascht ze maachen.
Déi Verdächteg, déi elo festgeholl goufen, sinn dem Parquet no aus dem Groussraum Paräis. Weider Detailer goufe bis ewell net genannt. Wéinst dem Abroch sëtze schonn dräi Männer am Alter tëscht 34 an 39 Joer an Untersuchungshaft. Nom véierten Abriecher a presuméierten Hannermann gëtt bis ewell nach gesicht.