D'EU-Staaten hu sech um Conseil vun de Gesondheetsministeren op déi strikt Regelen op Tubaksproduiten gëeenegt.

Zil ass et, besonnesch jonk Leit dovunner ofzehalen, iwwerhaapt mam Fëmmen unzefänken, mat Schockbiller op den Zigarettepäck zum Beispill an dem Verbuet vu Menthol-Zigaretten.

AUDIO: De Mars Di Bartolomeo iwwert d'Fëmmen

Déi extra dënn Slimzigaretten ginn entgéint der Propose vun der Kommissioun net verbueden. D'Pläng waren am Virfeld vun  der Tubakindustrie kritiséiert ginn.