Kroatien ass vun elo u Member vun der EU
Bis an d'Nuecht eran gouf vun e Sonndeg op e Méindeg zu Zagreb de Bäitrëtt vu Kroatien an d'EU gefeiert.
E puer Zéngdausend waren an den Zentrum vun der Haaptstad komm, fir dës historesch Etapp fir Kroatien an domat de siwenten Élargissement vun der EU ze feieren.
Fir Lëtzebuerg war den Ausseminister Jean Asselborn bei den Zelebratioune vum 28. EU-Memberland mat dobäi.
Dee Bäitrëtt, 22 Joer nom bluddegen Zerfall vu Jugoslawien, hunn d’EU Staats-a Regierungscheffen virum Weekend op hirem Summer-Sommet als historesch bezeechent. Et ass eng gutt Nouvelle, hat de Premier Jean-Claude Juncker declaréiert.
No Slowenien, 2004, ass Kroatien deen zweete Staat aus dem Ex-Jugoslawien dee Member vun der EU gëtt.
D’Fro déi sech awer stellt, ob d’Land och wierklech prett ass fir ee Bäitrëtt. Am Oktober zejoert, war d’EU Kommissioun nach net iwwerzeegt an hat dem Land nei Hausaufgabe ginn. D’kroatesch Regierung huet un de Reforme geschafft an huet schliisslech am Mäerz du vun der Kommissioun eng gutt Zensur kritt, ënner Form vu grénger Luucht fir de Bäitrëtt. Kritiker soen, vill vun deene Reforme géifen nëmmen um Pabeier stoen, ë.a. de Verwaltungsapparat an de Fonctionnement vun der Justiz misste weider moderniséiert an nach méi géint Korruptioun ënnerholl ginn.
Déi Virwërf wären allerdéngs och an der Vergaangenheet anere Staate gemaach ginn, huet de Jean-Claude Juncker ze bedenke ginn.
Ee grousse Problem ass den Ament déi wirtschaftlech Situatioun: d’Land mat sengen 4,3 Milliounen Awunner ass zënter 4 Joer an der Rezessioun a fir dëst Joer gëtt mat enger weiderer Baisse vum PIB gerechent. Ronn 16% vun de Kroaten hu keng Aarbecht an héich Investitiounen a strukturell Reforme sinn néideg fir vereelsten Industrieanlagen ze moderniséieren.
Nodeem Kroatien elo Member vun der EU ass, kann et awer mat knapp 12 Milliarden Euro bis 2020 aus diversen EU Fonge rechnen.
Den 1. Juli iwwerdeem iwwerhëlt Litauen d'EU-Presidence fir déi nächst 6 Méint vun Irland.
De klenge baltesche Staat, deen der EU zanter 2004 ugehéiert, wëll vrun allem den europäeschen Rapprochement vu Länner wéi Georgien, Ukraine an Armenien op seng politesch Agenda huelen.