Mallorquinesch Police kritt britesch Verstäerkung

© AFP
No den heftege Party-Exzesser vu briteschen Touristen mat Alkohol a Sex solle britesch Polizisten op de spueneschen Inselen Ibiza a Mallorca patrulléieren.
All kéiers 2 Poliziste solle scho vun e Méindeg un zesumme mat hire spuenesche Kollegen op Patrull goen, sou déi spuenesch Police. Si sollen an deene Fäll hëllefen, bei deene Briten Affer, Zeien oder Täter sinn.
Déi speziell Patrullen ginn et zu San Antonio op Ibiza an zu Magaluf op Mallorca.
Besonnesch Magaluf huet zanter leschtem Summer international fir vill Schlagzeile gesuergt wéinst engem Video mat engem jonke Meedchen, dat Sex hat mat verschiddene Männer als Austausch fir alkoholescht Gedrénks. Hannergrond si britesch Reesbüroen, déi ganz explizit Pub-Touren ubidden mat Gedrénks à volonté a Sex-géint-Alkohol-Spiller.
Zu Magaluf, wou 85% vun den Touristen Briten oder Ire sinn, gouf awer zanter Juni dëst Joer méi sec duerchgegraff, fir den Alkoholkonsum op der Strooss ze reduzéieren.
Ma net net nëmmen exzessiven Alkoholkonsum läit zu Magaluf am Trend, ëmmer méi heefeg gëtt do dat sougenannte "Balconing" praktizéiert.
Gemëschte Police-Patrullen mat auslännesche Kollegen ass awer näischt Neies. Déi mallorquiesch Police schafft scho mat däitschen, franséischen, italieneschen, portugiseschen a marokkanesche Polizisten zesummen.