A Schottland ass et vun e Méinden u verbueden am Auto ze fëmmen, wa Kanner dobäi sinn.

Wann ee sech net drun hält, riskéiert een eng Geldstrof an Héicht vun ëmgerechent 119 Euro. Kënnt d'Affär viru Geriicht kann d'Strof bis op 1.200 Euro erop goen. Dat schottescht Parlament hat schonn am Dezember zejoert fir dat deementspriechend Gesetz gestëmmt.

Gesondheetsorganisatiounen si fir dat neit Gesetz, Lobbyisten iwwerdeems hunn et als onnéideg bezeechent. An England an a Wales gëllen ähnlech Reglementer schonn zanter Oktober 2015. A Groussbritannien gëllt zanter Juli 2007 ee gréissert Fëmmverbuet op der Aarbechtsplaz, a Geschäfter, an ëffentlechen Transportmëttel, awer och a Restauranten, Caféë an Diskoen.