Zu Lyon sinn zanter dem 23. Dezember, 13 eeler Persounen, déi an dem selwechten Altersheem gelieft hunn, un de Suitte vun der Gripp gestuerwen.

ënnert den Doudesaffer sollen der 6 géint d'Gripp geimpft gewiescht sinn.

Sechs Persoune waren e Samschdeg nach ëmmer hospitaliséiert. Wéi et vum franséische Gesondheetsministère heescht, géif et sech ëm exzeptionell Ëmstänn handelen. Et gouf dann och eng Enquête opgemaach. Déi zoustänneg Ministesch Marisol Touraine huet d'Inspection générales des Affaires Sociales mat dëser Serie vun Doudesfäll saiséiert.

Tëscht dem 23. Dezember an dem 7. Januar, haten 72 Pensionären d'Gripp krut. 13 sinn un de Suitten dovunner gestuerwen. D'Affer waren an der Moyenne 91 Joer al. Wéi et antëscht heescht, wieren an dem betraffenen Altersheem nëmmen 38% vun de Leit géint d'Gripp geimpft gewiescht.

A Frankräich goufen elo déi drëtt Woch hannerteneen 398 Grippefäll op 100.000 Awunner notéiert. Dee Moment gëtt vun enger Epidemie geschwat.