Bei Jugendlechen a Schwangeren
Kee Quecksëlwer méi an den Zännfëllungen

© RTL Télé Lëtzebuerg Archiv
D’Regele vir Amalgam op Quecksëlwer Basis an der EU ze verschaffen, gi méi streng.
Esou solle vu Juli 2018 un, bei Zännfëllunge vu Jugendlechen ënnert 15 Joer keng esou Substanze méi benotzt ginn. Och Fraen, déi erwaarden, duerfen dann d’Zänn net méi domadder gefléckt kréien. Am Mäerz muss d’Decisioun nach emol formell vum Parlament ugeholl ginn.
Och an der Industrie duerf Quéckselwer net méi egal wou agesat ginn. Zum Beispill net méi an der Produktioun vun Biodiesel.
Am meeschte gelies