MünchenAbriecher leet sech ouni Box an d'Bett vun enger Koppel

RTL mat AFP
An engem Staddeel vu München gouf eng jonk Koppel vun engem Abriecher erféiert, dee sech an der Nuecht ouni Box bei si an d'Bett geluecht hat.
Ein mutmaßlich psychisch kranker Mann ist in München in ein Haus eingebrochen und hat sich mit nacktem Unterkörper zu einem Pärchen ins Bett gelegt. Der 48-Jährige verschaffte sich laut Polizei Zugang zu dem Einfamilienhaus im Stadtteil Solln.
Déi däitsch Police (Symbolbild)
© AFP/Archiv

E vermuttlech psychesch kranke Mann ass zu München an en Haus agebrach an huet sech ouni Box a Kalzong an d'Bett vun enger Koppel geluecht. Den 48 Joer ale Mann hat sech an der Nuecht op e Méindeg Zougang zu engem Eefamilljenhaus am Staddeel Solln verschaaft a sech fir d'éischt eng Zäit laang onbemierkt am Keller opgehalen, wéi d'Police en Dënschdeg matgedeelt huet.

Duerno ass hien op den ieweschte Stack gaangen an huet sech mat engem plakegen Ënnerkierper zu enger 20 Joer aler Fra an hirem 24 Joer ale Frënd an d'Bett geluecht. Wéi déi Zwee erwächt sinn, ass et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht dem 24 Joer ale Frënd an dem Abriecher komm, wouduerch och de 55 Joer ale Proprietär vum Haus erwächt ass.

Zesumme konnte si den 48 Joer alen Abriecher festhalen, bis d'Police komm ass. Well e "psychesch Opfällegkeeten" opgewisen huet, hunn d'Beamten hie fir d'éischt mol an eng psychiatresch Ariichtung bruecht.

Back to Top
CIM LOGO