Trump iwwer Enn vum KrichAccord mam Iran "wäitgoend ausgehandelt"

AFP, iwwersat vun RTL
D’USA an den Iran weise sech no de leschte Verhandlunge ganz optimistesch. Dem Donald Trump no wier een engem Accord fir e Fridden e gutt Stéck méi no komm.
US-Präsident Donald Trump und der iranische Außenministeriumssprecher Esmaeil Bakaei haben am Samstag von Anzeichen für eine mögliche Einigung zur Beendigung des Krieges zwischen beiden Ländern gesprochen.
Nach ëmmer ginn et widderspréchlech Aussoen iwwer eng Reouverture vum Passage vun Hormus.
© AFP

Den Donald Trump huet e Samschdeg matgedeelt, datt en Accord mam Iran fir en Enn vum Krich "wäitgoend ausgehandelt" wier, awer nach fäerdeg gestallt misst ginn. Allerdéngs goufen et éischter widderspréchlech Informatiounen iwwer d’Strooss vun Hormus. Den US-President huet behaapt, d’Strooss vun Hormus géing am Kader vum Accord nees normal opgemaach ginn.

Op der Plattform X huet den iranesche Porte-Parole vum Militär allerdéngs matgedeelt, dass Teheran bei engem Accord ëmmer nach d’Kontroll iwwer d’Strooss vun Hormus wäert behalen. Dësen extrem wichtege Passage fir de globalen Handel vu Pëtrol a Gas wäert ënner voller iranescher Souveränitéit bleiwen, sou heescht et. Et wéilt een d’Unzuel u Schëffer, déi do passéieren nees op de Niveau vu virum Krich bréngen, mee dat géing net e Retour bei eng komplett fräi Duerchfaart bedeiten, sou den Iran.

Et gëtt natierlech och Kritik. De republikanesche Senateur Ted Cruz huet op X wësse gedoen, dass et wichteg wier, dass duerno keen islamistesche Regime en place ass, dee vun Islamiste gefouert gëtt, déi den USA den Doud wënschen, Uran uräicheren an Atomwaffen entwéckelen.

Méi spéit huet den Trump iwwerdeem nach matgedeelt, datt hie mam israeelesche Regierungschef Netanjahu an enger Rei Staats- a Regierungscheffe vu Golfstaaten an anere Länner telefonéiert hätt. D'Gespréich mam Netanjahu wier "ganz gutt" gelaf, esou den US-President op Truth Social. An de leschten Deeg haten US-Medie vun Differenzen tëscht dem Trump an dem Netanjahu wéinst der Iran-Strategie gemellt. Den Trump hat sech deemno fir eng diplomatesch Léisung ausgeschwat, wärend den Netanjahu op weider Attacke bestanen hat.

Back to Top
CIM LOGO