
Op de Philippinnen sinn e Mëttwoch den Owend am Senat Schëss gefall. Wat déi genee Hannergrënn sinn ass, ass nach net gewosst, mä d'Police huet matgedeelt, datt een e Verdächtegen um zweete Stack vum Gebai, an deem de Senat ënnerbruecht ass, konnt festhuelen. Beim Verdächtege wier och nach weider schaarf Munitioun fonnt ginn.
Dem Inneminister no wiere méi arméiert Männer an d'Gebai agedrongen. D'Sécherheetsleit hätten doropshin Warnschëss ofginn, dono hätten déi arméiert Männer sech zeréckgezunn. Et wieren op d'mannst fënnef Schëss gefall. Parlamentarier, Mataarbechter a Journaliste sinn doropshin aus dem Gebai gelaf.
Zanter Deeg verschanzt sech de Senateur Ronald Dela Rosa zu Manila am Senat, fir enger Festnam z'entgoen. Hie gëtt mat engem internationale Mandat d’arrêt vum Strofgeriichtshaff zu Den Haag gesicht. Dat wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet. Hie war ënnert dem fréieren President Rodrigo Duterte Chef vun der Police a béide gëtt e brutaalt Virgoen géint d'Drogekriminalitéit reprochéiert.
Si hätten dausenden aussergeriichtlech Morde begaange vu presuméierten Drogendealer an drogenofhängege Mënschen. Den Duterte gouf schonn d'lescht Joer verhaft an un de Strofgeriichtshaff vun Den Haag ausgeliwwert.