
D’USA a China hunn eng fantastesch gemeinsam Zukunft, seet den amerikanesche President fir den Optakt vun de Gespréicher tëscht béide Weltmuechten zu Peking. Et ass déi éischte Kéier zanter 9 Joer, dass een amerikanesche President a China reest. Déi lescht Jore waren éischter gepräägt vu Konflikter: zwee Handelskricher mat Stroftaxen, Tensioune wéinst Taiwan an dem Trump seng Ongedold mat Peking wéinst der Liwwerung vun Virleeferchemikalie fir d'Hierstellung vun Fentanyl.
Fir den Optakt vun de Gespréicher huet den Donald Trump den Xi Jinping als eng groussaarteg Féierungsperséinlechkeet gelueft. "Heiansdo hunn d'Leit net gär wann ech dat soen, mee ech soen et trotzdeem, well et wouer ass. Et ass eng Éier Äre Frënd ze sinn," esou den Trump.
Den chineesesche Staatschef huet betount, déi gemeinsam Interessen tëscht béide Natioune wieren méi grouss wéi hir Meenungsverschiddenheeten. D'USA a China sollten Partner sinn an net Rivalen, sou den Xi Jinping.
D'Gespréicher tëscht béide Staatscheffe hu ronn zwou Stonne gedauert. Nieft dem Taiwan stoungen dem chineeseschen Ausseministère no awer och Themen iwwer "wichteg international a regional Froen" um Programm, dorënner d'Situatioun am Noen Osten, de Krich an der Ukrain an déi koreanesch Halleffinsel.
Nom offizielle Meeting hunn den Xi Jinping an den Donald Trump nach den Himmelstempel zu Peking besicht. D'Anlag gouf jo vun de Kaisere vun der Ming- a Qing-Dynastie genotzt. Den Trump sot wärend der Visitt vum Weltkulturierwen, datt "China wonnerschéin ass". Fir en Donneschdeg den Owend ass nach en offizielle Banquet geplangt an e Freideg solle sech déi zwee Presidenten nach fir eng Téizeremonie an en Aarbechtsiesse gesinn, éier den US-President zeréck an d'Heemescht flitt.