
Déi lettesch Regierungscheffin Evika Silina huet nom Broch vun der Regierungskoalitioun hire Récktrëtt annoncéiert. Déi liberalkonservativ Silina huet domat Konsequenze gezunn, nodeems hire progressive Koalitiounspartner schonn annoncéiert huet, net méi wëllen an där Koalitioun ze bleiwen.
Ausléiser vun dëser Kris ass de Récktrëtt vu Verdeedegungsminister. Dee kënnt aus der Partei vum progressive Koalitiounspartner an ass zeréckgetrueden no Incidenten mat Dronen am lettesche Loftraum, déi eng gréisser innepolitesch Debatt ausgeléist hunn iwwer d'Sécherheet vum Land. De Minister wier wuel zeréckgetrueden op erhieflechen Drock vun der Premierministesch. Bannent der Koalitioun war de Sujet wéi ee mat där Verletzung vum Loftraum misst ëmgoen, och e Sträitpunkt.