Philippinnen Ëmstriddenen Ex-Policechef am Viséier: Senat no Schëss am Lockdown

RTL Lëtzebuerg
De Senat op de Philippinne gouf zougemaach, nodeems Schëss ronderëm d’Gebai ze héiere waren. Militär a Police sinn zu Manila am Asaz gewiescht.
© TED ALJIBE/AFP

Am Mëttelpunkt steet de Senateur Ronald Dela Rosa, dee vum Internationale Strofgeriichtshaff gesicht gëtt. Hien huet gefaart, festgeholl ze ginn a soll sech am Gebai opgehalen hunn. No offiziellen Aussoe gouf kee blesséiert.

De Dela Rosa gëtt beschëllegt, wärend senger Zäit als Policechef bei der bluddeger Anti-Drogen-Campagne vum fréiere President Rodrigo Duterte mat responsabel, fir vill Doudeger gewiescht ze sinn. Dausende presuméiert Drogendealer ware deemools erschoss ginn. Den Duterte selwer sëtzt zanter Mäerz 2025 zu Den Haag am Prisong.

Virum Senat hu Manifestante gefuerdert, datt den Dela Rosa festgeholl an un den internationale Geriichtshaff ausgeliwwert gëtt. Seng Affekoten hu beim Ieweschte Geriicht probéiert, eng méiglech Ausliwwerung ze stoppen.

Back to Top
CIM LOGO