Fréieren NATO-GeneralsekretärAnders Fogh Rasmussen gesäit en "Zerfall vun der NATO"

RTL mat AFP
Den Ex-NATO-Generalsekretär Anders Fogh Rasmussen warnt virum Zerfall vun der NATO a fuerdert eng staark europäesch Verdeedegungsinitiativ.
Eng Waff ausgestallt op der Defence24 Days Sécherheetskonferenz zu Warschau, bei där wichteg Militäresch Féierungspersonal ewéi och Vertrieder vun der NATO an der EU present sinn.
Eng Waff ausgestallt op der Defence24 Days Sécherheetskonferenz zu Warschau, bei där wichteg militärescht Féierungspersonal ewéi och Vertrieder vun der NATO an der EU present sinn.
© JAAP ARRIENS/NurPhoto via AFP

De fréieren dänesche Regierungschef an Ex-NATO-Generalsekretär Anders Fogh Rasmussen gesäit eng geféierlech Entwécklung. An engem Interview mat der Welt, deen e Freideg publizéiert gouf, sot hien, dat, wat een den Ament géif erliewen, wier den Zerfall vun der NATO. Europa misst op eegene Féiss stoen an eise Kontinent selwer verdeedege kënnen. Den Anders Fogh Rasmussen war vun 2001 bis 2009 dänesche Regierungschef a vun 2009 bis 2014 hat hien de Poste vum NATO-Generalsekretär.

Europa soll méi Verantwortung iwwerhuelen

Als Grond nennt de Rasmussen virun allem d'Haltung vum US-President Donald Trump. Hie seet, den Trump géif dofir suergen, datt et Zweiwel um Engagement vu sengem Land zu der Allianz géif ginn. Duerch d'Handele vum Mann am Wäissen Haus, wier och net méi kloer, ob d'USA Europa géife bäistoen, wann en europäescht Land sech op den Artikel 5 vun der NATO géif beruffen.

Virun deem Hannergrond schléit de fréieren NATO-Generalsekretär eng Koalitioun vun de Wëllege vir. Déi soll just aus deene Staaten zesummegesat sinn, déi bereet a fäeg sinn, Europa wierksam ze verdeedegen. Weder d'EU nach d'NATO wieren den Ament gëeegent, fir e staarken europäesche Pilier opzebauen.

Fir un esou enger Verdeedegungsallianz deelzehuelen, nennt de Rasmussen e puer Konditiounen. D'Länner missten d'NATO-Zil vu fënnef Prozent erfëllen a sech verflichten, aner Staaten am Fall vun engem Ugrëff ze verdeedegen. Ausserdeem misst verhënnert ginn, datt eenzel Staate militäresch Operatioune blockéiere kënnen. Och en Ausschloss aus esou enger Koalitioun misst méiglech sinn.

Kritik un den europäesche Partner

Den Donald Trump huet d'NATO ëmmer nees schaarf kritiséiert an den europäesche Partner virgeworf, ze wéineg fir déi gemeinsam Verdeedegung vun der Allianz ze maachen. Op Drock vu Washington hunn d'Memberstaate sech dat lescht Joer drop gëeenegt, hir Verdeedegungsausgabe bis 2035 op 3,5 Prozent vum jeeweilege PIB z'erhéijen. Dobäi kommen nach eemol 1,5 Prozent fir verdeedegungsrelevant Ausgaben.

Am Kontext vum Iran-Krich, dee vun den USA an Israel ausgaangen ass, huet den Trump de NATO-Partnere virgeheit, dat si d'US-Militär net genuch z'ënnerstëtzen. Den US-Verdeedegungsministère hat Ufank Mee de Réckzuch vu op d'mannst 5.000 Zaldoten aus Däitschland annoncéiert. Zousätzlech dozou wäert Washington och keng Tomahawk-Marschfluchkierper, wéi et ursprénglech geplangt war, an eisem Nopeschland stationéieren.

Back to Top
CIM LOGO