
E Samschdeg de Moien huet déi israeelesch Arméi, trotz der eigentlecher Wafferou, Awunner vun néng südlibaneeseschen Uertschaften dozou opgeruff, hir Haiser direkt ze verloossen an op d'mannst 1 Kilometer dovun ewech ze goen.
Aus dem Libanon heescht et vun offizieller Säit, et wieren och Ziler an anere Beräicher vum Land getraff ginn, fir déi keng Warnung erausgaange wier. Et geet rieds vun enger onbekannter Zuel Doudesaffer.
Israel huet säi Virgoen domat justifiéiert, datt Libanon géint déi ausgeruffe Wafferou verstouss hätt an dowéinst "mat Kraaft" géint déi terroristesch Miliz misst virgoen.