No Ausbroch vun HantavirusCroisièresschëff "Hondius" ënnerwee a Richtung Teneriffa

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Passagéier um Cap Vert net hunn dierfen u Land goen, fiert d'Schëff, op deem den Hantavirus ausgebrach ass, weider a Richtung Teneriffa, wou et e Sonndeg soll uleeën.
© Luxembourg Air Rescue

Dat hollännescht Croisièresschëff "Hondius", op deem de geféierlechen Hantavirus ausgebrach ass, gëtt e Sonndeg de Moien op Teneriffa erwaart. Hei sollen d'Passagéier kënne vu Bord goen. Dës ginn dann ënnersicht a mussen a Quarantän. Aktuell hätten awer keng Passagéier méi Krankheetssymptomer.

Déi spuenesch Inneministesch huet iwwerdeems annoncéiert, datt ewell Rapatriementsvollen a Richtung USA, Groussbritannien a fënnef europäesch Länner virgesi wieren. En Deel vum Equipage soll allerdéngs u Bord vum Schëff bleiwen, dat duerno an Holland fiert.

En Vue vun der Arrivée vum Schëff op de Kanaren ass och de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun ënnerwee dohin.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO