Trotz der onstabiller Lag gëtt awer keen ofgewisen, deen Hëllef brauch. Prioritéit Nummer 1 bleift awer d’Sécherheet vum Personal.
De Gaetan Drossart, Koordinator bei MSF, erkläert, dass si vun den Responsabele gefrot goufen, fir hiren Déngscht weiderzeféieren. Si kruten och verséchert, dass hiert Personal a Patienten net géingen attackéiert ginn.
Den Dialog mat den Taliban ass also do. Dat confirméiert eis souwuel d’Caritas, wéi och Médecins sans frontières. Dës sinn zanter 1980 ee vun den Haapt-Gesondheetsacteuren am Afghanistan a waren an hirer Aarbecht nach ëmmer dem Risk vu Gewalt ausgesat.
Mir hunn elo net méi Angscht wéi virdrun. D’Situatioun ass eng aner a mir mussen eis upassen an d’Saach anescht ugoen. Mir wëlle sécher goen, dass mir als Hëllefsorganisatioun onofhängeg bleiwen an all Mënsch d’Méiglechkeet ginn, behandelt ze ginn, sou de Gaetan Drossart.
Lo preparéiert ee sech sech op eng Hongerskatastroph am Wanter. An der nächster Zäit ginn dowéinst virun allem Liewensmëttel verdeelt. D’Organisatioune probéieren awer och d’Grondversuergung an der Medezin oprecht z’erhalen. De Michel Feit vu Caritas Lëtzebuerg erkläert d’Problemer: Et muss ee mat de medezinesche Mëttel, déi am Afghanistan sinn, eens ginn, well et momentan net méiglech ass, nei Saachen dohinner ze schécken. Et kënnen och keng Sue vu Lëtzebuerg an den Afghanistan geschéckt ginn, aus Risk, dass se net do ukommen, wou se gebraucht ginn. Momentan kann een awer mat deene Sue schaffen, déi dohanne sur place sinn.
Projeten an Héicht vun 200.000 Euro ginn duerch Caritas Lëtzebuerg pro Joer am Afghanistan ënnerstëtzt. Elo mat der neier Kris si bei Wäitem méi Mëttel noutwendeg.
