Hëlleft Fraen, sech an der Politik anzebréngenJugendkarlspreis fir estnesche Projet fir Fraerechter

AFP, iwwersat vun RTL
De Jugendkarlspräis gëtt all Joers vum EU-Parlament an der Karlspreisstiftung vun der Stad Oochen verdeelt.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

En estnesche Projet fir Fraerechter huet dee mat 7.500 Euro dotéierte Jugendkarlspreis gewonnen. D'Initiativ setzt sech mat Hürden ausenaner, déi Fraen dorun hënneren, Féierungspositiounen a Politik a Gesellschaft ze besetzen. Wéi d'Stad Oochen, déi de Juendkarlspreis vergëtt e Mëttwoch matgedeelt huet, géif de Projet jonke Fraen hëllefen, Fäegkeeten an Netzwierker opzebauen, fir sech aktiv an der Politik an an der Gesellschaft anzebréngen an Afloss op Decisiounen ze huelen.

Déi zweet Plaz geet un eng franséisch App, déi et de Leit erméiglecht, iwwer Gesetzesprojeten ofzestëmmen, an déi géint Desinformatioun virgeet. Den drëtte Präis ass fir e spuenescht Netzwierk, dat den Austausch tëscht Europa a China wëll fërderen.

De Jugendkarlspräis gëtt all Joers vum EU-Parlament an der Karlspreisstiftung vun der Stad Oochen verdeelt. Ausgezeechent gi politesch Projeten, déi vu jonke Leit lancéiert goufen.

En Donneschdeg gëtt dann den offizielle Karlspreis zu Oochen offiziell iwwerreecht. Am Januar gouf bekannt, dass dësen dëst Joer un den italieeneschen Ekonomist a fréiere President vun der Europäescher Zentralbank Mario Draghi geet.

Back to Top
CIM LOGO