D'Porsche SE, Haaptaktionär vum VW‑Konzern, huet am éischte Quartal vum Joer e Verloscht vu ronn 0,9 Milliarden Euro gemaach. Dat ass zwar manner wéi am Joer virdrun, mee weist weiderhin d'Schwieregkeeten am Secteur.
De Minus kënnt virun allem duerch Wäertverloschter vun den Investitiounen a Volkswagen, wärend d'Bedeelegung u Porsche AG liicht u Wäert gewonnen huet.
D'Porsche SE ass keen Autosbauer selwer, mee eng Investment‑Firma, déi d'Majoritéit vu Stëmmrechter bei Volkswagen huet a sou vill Afloss op de Konzern huet.
Der Direktioun no entsprécht d'Resultat den Erwaardungen, mee d'Geschäftsmodeller misstenen ugepasst ginn, fir an Zukunft kompetitiv ze bleiwen. D'Autobranche steet aktuell ënner Drock – ënner anerem duerch den Iwwergank op Elektroautoen an déi zouhuelend Konkurrenz aus China.