Trotz schlechte Resultater bei KommunalwalenBrittesche Premier Keir Starmer gëtt net op a bleift op sengem Posten

RTL Lëtzebuerg
Aus den eegene Reie gouf et vill Drock op de brittesche Premier, well d'Deputéiert an d'Politiker him d'Schold un de schlechte Walresultater vu senger Partei ginn.
De Keir Starmer a seng Fra Victoria hunn de leschten Donneschdeg hir Stëmme bei de Lokalwalen ofginn.
De Keir Starmer a seng Fra Victoria hunn de leschten Donneschdeg hir Stëmme bei de Lokalwalen ofginn.
© WIKTOR SZYMANOWICZ/NurPhoto via AFP

En Dënschdeg de Moien hat de brittesche Premier Keir Starmer seng Minister an d'Downing Street geruff, fir iwwer déi aktuell politesch Stëmmung ze schwätzen. Kuerz virun dësem Treffen huet d'"Junior-Ministesch" respektiv d'Staatssekretärin fir Glawen an d'Communautéit Miatta Fahnbulleh hire Récktrëtt annoncéiert. An hirem Bréif seet si, datt si houfreg drop wier, wat si alles geleescht huet, datt d'Regierung awer laanscht d'Visioun geschafft huet, déi si haten. Ënner anerem dofir ass si zeréckgetrueden an huet och de brittesche Premier Starmer opgeruff, selwer zeréckzetriede respektiv en Zäitplang fir e Muechtwiessel ze presentéieren, fir datt eng nei Ekipp aus der eegener Partei Groussbritannien kéint regéieren.

Bei der Sëtzung vum Cabinet, deen um 10:30 Auer eiser Zäit ugefaangen huet, huet de Keir Starmer awer net dru geduecht, selwer zeréckzetrieden. Géintiwwer senge Ministeren a Staatsekretäre sot hien, datt hie wuel déi voll Responsabilitéit fir déi schlecht Resultater vun der Labour Party bei de Wale géif iwwerhuelen an datt hien och eesponsabel wier, datt de Wiessel, dee si versprach haten, net duerchgefouert gouf. Och wieren déi lescht 48 Stonnen en Challenge fir d'Partei an d'Regierung gewiescht, esou wéi och fir d'Land an déi brittesch Ekonomie selwer. Awer, esou de Starmer, géif d'Land erwaarden, datt d'Regierung weider hir Aarbecht mécht. An "dat ass dat, wat ech wäert maachen a wat mir als Regierung musse maachen".

Datt dëst schwéier gëtt, muss dem Keir Starmer awer bewosst sinn. Well aktuell fuerderen 78 Deputéiert vu senger Partei säi Récktrëtt. Dat si knapp 20 Prozent vun de 403 Vertrieder, déi d'Labour Party am Parlament sëtzen huet, esou d'BBC.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO