HantavirusCroisièresschëff "MV Hondius" um Wee zréck Richtung Holland, drëtt Infektioun confirméiert

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch war um Croisièresschëff "MV Hondius" den Hantavirus ausgebrach. Mëttlerweil goufen all Passagéier evakuéiert an d'Schëff fir eng komplett Desinfektioun zréck an Holland geschéckt.
© Photo by JORGE GUERRERO / AFP

Dat hollännescht Croisièresschëff "MV Hondius", op deem den Hantavirus ausgebrach war, ass elo ganz evakuéiert a mëttlerweil um Wee vun de Kanaren a Richtung Holland. E Méindeg den Owend ass et mat engem Rescht-Equipage aus dem Hafe vun Teneriffa fortgefuer a wäert an Holland elo komplett desinfizéiert ginn.

Antëscht ass, no den zwou Persoune vum Méindeg, eng drëtt Infektioun vun engem Passagéier confirméiert. Nieft dem Fransous an dem US-Amerikaner ass elo och e Spuenier positiv getest ginn. Hien ass aktuell a Quarantän an engem Spidol zu Madrid, géif awer nach keng Symptomer opweisen, heescht et vum spuenesche Gesondheetsministère.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO